|
Déi 15. Editioun vum Vakanzatelier "Summer-WM Réiser" war vun der Fussball-Weltmeeschterschaft beaflosst : d’Bastele vu Vuvuzelas, d'Entwerfe vun Trikots, Fussballturnéier… goufen ugebueden.
Awer net nëmmen des Aktivitéiten konnten déi 224 Kanner vun dem Cycle 1 bis 4 déi dräi Wochen erliewen.
D‘Haaptuleien vun der Responsabel an de Mataarbechter aus der Maison Relais war dëst Joër erem, de Kanner e breedgefächerte Programm ze bidden. All Kand soll d‘Méiglechkeet hun, eppes ze fannen, wat him Spaass mecht an/oder nei Erfahrunge bréngt. Bei der Emsetzung a Begleedung vun dësen Aktivitéiten hun 33 Moniteuren gehollef.
Sou si vill sportlech Aktivitéiten ënnerholl gin, wéi z. B. Klammen, Reiden a Beachvolleyball spillen. Den Adventure Park vun Heischent an de Wakeboard hun d’Kanner virun nei Grenze gesat, déi si mat vill Engagement gemeeschtert hun.
Am "Hiddelbësch" ass zesumme mat de Kanner e Mini-Duerf mat sénger eegener Währung opgebaut gin. D’Kanner konnten also hir Hütten mat der Ennerstëtzung vun den Moniteuren opriichten an dobäi "Réiser" verdéngen, andeems si z. B. anere Kanner an de Moniteure gehollef hun, de Bësch an de Chalet propper ze halen. Wéi an engem richtegen Duerf fënnt een am Kannerduerf eng Bank, e Café, eng Bijouterie, eng Spillplaz, e Massagesalon, eng Jus-Bar… Et war flott ze gesin, wéi d’Kanner schnell e gewëssene Geschäftssënn entwéckelt hun !
D’Iwwernuechtungen an der Gemeng (am Hiddelbësch an an der Maison Relais) an op verschiddene Plazen am Land (Huelmes, Keltenhaus um Neiheischen) haten en riesen Erfolleg. All d‘Geheimnisser vun deenen zwee Deeg zu Bollendorf vun den Kanner aus dem Cycle 2 gi mir bestëmmt net gewuer.
Un déi dräi Deeg iwwert eis Grenzen eraus, zu Hermeskeil an zu Saarburg, denken d’Kanner vum Cycle 3 a 4 secherlech gären zréck. Si hun ënner anerem e Flooss gebaut, Detektiv gespillt, d’Rodelbunn getest an de Gräifvullepark ugekuckt. Virun allem awer wärten déi flott Owender mat hire Moniteuren an de Kollegen a gudder Erënnerung bleiwen !
De Projet vun der Gemeng Reiser, dee säit 1996 ënnerstëtzt get, war och 2010 erem en Erliewnes fir Grouss a Kleng. Mir hoffen, dass et eis gelongen ass, de Kanner aus dem Reiserbann eng flott Zäit z‘erméiglechen. Ouni d‘Ennerstetzung vum ganze Gemengepersonal, virun allem awer dem Service Technique an der Kachequipe aus der Maison Relais, wier de Vakanzatelier net méi ze realiséieren.
E grousse Merci soe mir all de Kanner an hieren Elteren, ouni déi des flott Wochen secher net méiglech gewiescht wieren.
|